Home / Page /
Loading Events

« All Events

  • This event has passed.

Première zu Bartreng

3 December 2016 @ 20:00 - 22:00

Event Navigation

affiche-plakeg

Jo, si sinn erëm do, déi 3 vun Tri2pattes ! Mä leider dréit och des Kéier nach net alles ronn bäi hinnen. Mä éierlech, bäi wiem leeft schonn alles riicht ? Dir kennt dat dach och : méi oder manner peinlech Alldagssituatiounen, an deenen een sech ongewollt bloussgestallt spiert, an awer muss Faarf bekennen. T’ass fir ze jäizen. Mä : Nobody is perfect !

An dem Sënn invitéieren si all Betraffen op een lëschtegen an turbulenten Owend. Hei kritt definitiv all Hännes Geleeënheet fir iwwert sech selwer ze laachen…. an all déi aner dierfen si dobäi freedeg ënnerstëtzen.

Och dëse Comedy Programm ‘Plakeg a mat vill Gejäiz’ ass een ofwiesslungsräiche Mix aus flotter Musek a lëschtege Sketcher aus der eegener Fieder … An dat Ganzt och nach fir e gudden Zweck. De Bënëfiss geet nämlech integral un d’Association EBS – Ecole de Brousse au Sénégal Lëtzebuerg.

Informatiounen iwwert d’Association EBS fannt dir ënner www.ebs-luxembourg.com

Réservatioun: 26 31 23 40 (mueres) – joelle.flammang[at]bertrange.lu

Organizer

Phone:
26 31 23 40
Email:
joelle.flammang[at]bertrange.lu

Venue

Centre Culturel ArcA
17 Rue Atert
Bartreng, 8051 Luxembourg
+ Google Map
Website:
http://www.bertrange.lu/fr/calendrier-detail/2016/12/03/plakeg-a-mat-vill-gejaiz-comedy-mat-tri2pattes