Tri2pattes – whatizit?

Di 3 komesch Kauzen vun Tri2pattes, dat sinn d'Sonja Schmitz, den Änder Thill an den Dan Theisen. Dass bei hinnen net alles ronn dréit gesäit een op den éischte Bléck. Mä éierlech, bäi wiem leeft schonn alles riicht ? Dir kennt dat dach och : méi oder manner peinlech Alldagssituatiounen, an deenen een sech ongewollt bloussgestallt spiert, an awer muss Faarf bekennen.

Hir turbulent Owender sinn en ofwiesslungsräiche Mix aus flotter Musek, Pantomime, Clownerien a lëschtege Sketcher aus der eegener Fieder. Hei kritt definitiv all Hännes Geleeënheet fir iwwert sech selwer ze laachen…. an all déi aner dierfen si dobäi freedeg ënnerstëtzen.

No hiren dräi éischten Comedy Programmer, “Une vie de merde – vu Pechvullen an anere komesche Kauzen“, “Plakeg a mat vill Gejäiz” a “Keen doheem“, ginn si sech de Moment fläisseg dru mat schreiwen, sangen, spillen an inzeenéieren fir Iech hire neien Programm “Fir laachen, dreckt dräi” ab dem Fréijoer 2024 virzestellen. De Kalenner vun den Optrëtter kënnt Dir geschwënn op desem Site fannen. 

Falls Dir iech dat zoumutt! 

Ma sécher! Well laachen ass gesond, an dat Ganzt ass jo och nach fir e gudden Zweck. De Bënëfiss geet nämlech integral un d’Association Mon école mon avenir asbl. Bis ganz geschwënn…