< Dësen Trio ass einfach köstlech clownesque, ëmwerfend witzeg an erfrëschend anescht. Et ass Comedy am beschte Sënn vum Wuert. D’Akteure sinn herrlech gutt drop an hier Begeeschterung iwwerdréit sech spontan a natierlech op de Publikum. Et ass eng enorm Leeschtung fir eng Amateurstrupp op sou héijem Niveau ze spillen. Ech hunn Tréine gelaacht! Einfach nëmme super! Brilliant!!! Merci Sonja, Aender an Dan fir dëse wonnerbare Moment! >