Iwwert eis – den Änder erzielt…

tri2pattes

Éisen éichte Programm 2013-2015‚ “UNE VIE DE MERDE – vu Pechvullen an anere komesche Kauzen” war d’Resultat vun enger intensiver Aarbecht, déi ech zesumme mam Dan ugaange sinn, mat der Iddi am Kapp fir zu zwee een lëschtegen Sketch-/ Cabaret-/ Comedy-Programm op d’Been ze stellen, deen mir ausschliisslech zugonschten vun der Associatioun “Mon école mon avenir asbl” géifen opféieren.

An der Zäitspan vun bal engem Joer gouf et ongezielten Owender an souguer etlech Weekender, wou mir gesicht an eis inspiréiert hunn, wou mir geschriwwen, gesongen, an ausprobéiert an geleeëntlech och erëm verworf hunn, wat dobäi schon entstane war. Et sollt op jidder Fall eppes ginn, wou mir eis genau sou domatt amuséieren géifen wéi de Public. An sou ass lues a lues d’Konzept vum Programm méi grëffeg a konkret ginn. Mir hunn ëmmer méi Spaass dru kritt eis Dommheeten auszedenken an si dann ze vertexten an ze inszenéieren. Hei e bëssen geschlaff, do nach gehuwwelt, an rëm bëssen ëmformuléiert an retouchéiert.

Ënnerwee ass eis dunn kloer ginn, dat mir eise Programm nach méi komplett an faarweg kéinte gestalten, wa mir och nach eng Dame an eiser Mëtt hätten. Aus dem Dan sengem emfassende Bekanntekreess si mir dunn op d’Sonja gestouss, wat eis doropshin an de leschte Méint tatsächlech mat Hänn a Féiss (jo souguer mat Hummer a Schrauwer) an mat ganz vill Äifer an egenen Iddien an Texter béi de Prouwen gehollef huet.

An sou ass dunn eisen Trio Tri2pattes entstan, respektiv den éichte Programm de mir vun 2013 un presentéiert hun. Fir eis perséinlech war et eng nei Erfahrung an een ganz intensiven Challenge, an sou engem neien a klenge Grupp eppes komplett selwer op d’Been ze stellen. An dat ganzt souzeson ënner dem Motto “Laache fir e gudde Zweck”, well all eis Benefice’er gin integral un “Mon école mon avenir asbl”: http://mema.lu/.

An dem Sënn dann … vläicht bis geschwënn.

Mat allerbeschte Gréiss.

Änder